Slowenien
Staat an Europa / From Wikipedia, the free encyclopedia
Slowenien (Sloweenesch: Slovenija) ass eng Republik an Europa, déi un Italien, Éisträich, Ungarn, Kroatien an d'Adria grenzt. De Süde vu Slowenien gëtt dem Balkan respektiv der Balkanhallefinsel zougerechent.
Republika Slovenija | |||||
| |||||
Offiziell Sprooch: | Sloweenesch | ||||
Haaptstad: | Ljubljana | ||||
• Koordinaten: | 46° 03’ 05.11’’ N 14° 30’ 21,54’’ O | ||||
Staatsform: | Republik | ||||
• Presidentin: | Nataša Pirc Musar | ||||
• Premierminister: | Robert Golob | ||||
Fläch: | 20 273 km² | ||||
Bevëlkerung: | 2 013 597[1] | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 99,32/km² | ||||
Onofhängegkeet: | 25. Juni 1991 (Onofhängegkeetserklärung) | ||||
Nationalfeierdag: | 25. Juni | ||||
Nationalhymn: | Zdravljica Lauschteren | ||||
Wärung: | Euro | ||||
Internet TLD: | .si | ||||
Internationalen Telefonsprefix: |
+386 | ||||
Slowenien huet sech de 25. Juni 1991 vu Jugoslawien onofhängeg gemaach. D'Land gouf den 1. Mee 2004 mat néng anere Länner Member vun der Europäescher Unioun. Den 1. Januar 2007 gouf och den Euro, deen de sloweeneschen Tolar ofgeléist huet, mat Succès agefouert.
Haaptstad vu Slowenien ass mat ronn 260.000 Awunner Ljubljana. Si läit zentral an ass doduerch Dréischeif vum Verkéier.