Sowjetunioun
Staat an Osteuropa, an an Nordasien / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Unioun vun de Sozialistesche Sowjetrepubliken (kuerz UdSSR oder Sowjetunioun, respektiv op Russesch Союз Советских Социалистических Республик, kuerz СССР) war e Staat an Osteuropa, an an Nordasien, dee vum 30. Dezember 1922 bis zum 8. Dezember 1991 bestanen huet.
Сою́з Сове́тских Социалисти́ческих Респу́блик Sojus Sowjetskich Sozialistitscheskich Respublik Unioun vun de Sozialistesche Sowjetrepubliken | |||||
| |||||
National Devise: Пролета́рии всех стран, соединя́йтесь! Proletarii wsech stran, sojedinjajtes! Proletarier vun alle Länner, vereenegt iech! | |||||
Offiziell Sprooch: | Russesch | ||||
Haaptstad: | Moskau | ||||
Staatsform: | Sozialistesch Räterepublik | ||||
Fläch: | 22.402.223 km² (1.) | ||||
Bevëlkerung: | 290.100.023 (1991) | ||||
• Bevëlkerungsdicht: | 13 Awunner/km² | ||||
Nationalhymn: | Hymn vun der Sowjetunioun | ||||
Wärung: | Rubel (RUB) | ||||
Internet TLD: | .su |
D'Sowjetunioun huet aus 15 verschiddenen, theoreetesch gläichberechtegte Republike bestanen. An der Praxis war awer d'Russesch Federatioun, déi 1990 78% vun der ganzer Fläch duergestallt huet, staark predominant. Déi Federatioun war wärend der Oktoberrevolutioun vum 7. November 1917 aus dem Kär vum Zareräich ervirgaangen, a sollt no der Opléisung vun der Sowjetunioun 1991 den haitege Staat Russland bilden.
D'Sowjetunion war de geographesch gréisste Staat an der Geschicht vun der Mënschheet.
Déi 15 eenzel Republike waren: