Spiralgalaxie
Galaxientyp / From Wikipedia, the free encyclopedia
Eng Spiralgalaxie ass eng scheiwefërmeg Galaxie, d. h. en eegestännegt Stäresystem, mat engem opfällege Spiralmuster. Den Zentralberäich, Bulge genannt, ass kugelfërmeg a besteet haaptsächlech aus eelere Stären. D'Scheif huet eng Spiralstruktur mat meeschtens e puer Spiraläerm. Spiralgalaxien enthalen an der Scheif relativ vill Gas. Doduerch kënne permanent nei Stäre gebuer ginn. D'Spiraläerm gesinn duerch déi hei neigebilte Stäre bloelzeg aus. D'Galaxie ass an engem Halo vun onsiichtbarer Donkeler Matière agebett. Zesumme mat de lënsefërmege Galaxië gi Spiralgalaxien och als Scheiwegalaxië zesummegefaasst. Galaxien, bei deene vum Bulge aus e Balken ze gesinn ass, un deem d'Spiraläerm sëtzen, nennt ee Balkespiralgalaxie. Eis Mëllechstrooss selwer ass eng Balkespiralgalaxie. An engem Ëmkrees vun zirka 30 Millioune Liichtjoer ëm eis Mëllechstrooss si ronn 34 Prozent vun de Galaxië Spiralen, 13 Prozent Ellipsen a 54 Prozent irregulär Galaxien an Zwerggalaxien.