Swjatlana Alexijewitsch
wäissrussesch russesch-sproocheg Schrëftstellerin a Journalistin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Swjatlana Aljaksandrauna Alexijewitsch (be: Святлана Аляксандраўна Алексіевіч, ru: Светлана Александровна Алексиевич/Swetlana Alexandrowna Alexijewitsch), gebuer den 31. Mee 1948 zu Stanislaw, deemools an der Ukrainescher Sozialistescher Sowjetrepublik, haut Iwano-Frankivsk an der Ukrain, ass eng wäissrussesch Schrëftstellerin, déi op Russesch schreift. 2015 krut si den Nobelpräis fir Literatur.
Swjatlana Alexijewitsch | |
---|---|
Gebuer |
31. Mee 1948 Ivano-Frankiwsk |
Nationalitéit | Wäissrussland, Sowjetunioun |
Aktivitéit | Schrëftsteller, Journalist |
Partei | Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun |
Member vun | Schrëftstellerverband vun der UdSSR |
D'Swetlana Alexijewitsch schreift Kuerzgeschichten, Essayen a Reportagen, an huet eng Zort Collage erfonnt, mat där se aus Aussoe vun eenzele Leit aus dem Alldag eng bestëmmt Realitéit erëmgëtt, wéi z. B. vu Veteranen aus dem Afghanistankrich oder den Affer vun der Katastroph vun Tschernobyl.
Si ass eng explizit Géignerin vum wäissrussesche President A. Lukaschenka senger diktatorescher Politik.