Syndicat de l'hôpital intercommunal de Steinfort
interkommunale Syndikat zu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Syndicat de l'hôpital intercommunal de Steinfort, ofgekierzt HIS, ass en interkommunale Syndikat deen 1957, tëscht de Gemenge Stengefort, Habscht, Käerch, Garnech a Sëll gegrënnt gouf, fir e Spidol zu Stengefort ze bauen an z'exploitéieren[1]. Den 31. Mäerz 2008 koum als neie Member nach déi deemoleg Gemeng Simmer derbäi[2] déi zéng Joer duerno, 2018, mat der Gemeng Habscht zu enger vergréisserter Gemeng Habscht fusionéiert huet.
Séier Fakten Secteur, Verwaltungssëtz ...
Secteur | Spidol |
---|---|
Verwaltungssëtz | Stengefort |
Membergemengen | Garnech, Habscht, Käerch, Sëll, Stengefort, Simmer |
Gegrënnt | 11. Januar 1957 |
Websäit | https://www.his.lu/ |
Zoumaachen
D'Spidol gouf am November 1957 ageweit, an hat deemools 57 Better, een Operatiounssall, ee Rëntgeservice, an e Laboratoire fir Analysen ze maachen.