Syndicat intercommunal Mondercange-Dippach pour la construction l'entretien et l'exploitation d'une piscine intercommunale à Mondercange
interkommunale Syndikat / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Syndicat intercommunal Mondercange-Dippach pour la construction l'entretien et l'exploitation d'une piscine intercommunale à Mondercange gekierzt Pimodi ass en interkommunale Syndikat zu Lëtzebuerg vun de Gemenge Monnerech an Dippech fir zesummen eng Schwämm zu Monnerech opzeriichten, déi fir d'Schoulkanner vun de Primärschoule an eventuell vum Préscolaire vun den zwou Gemenge geduecht ass.
Séier Fakten Secteur, Leedung ...
Secteur | Schwammsport |
---|---|
Leedung | Nancy Arendt |
Verwaltungssëtz | Monnerech |
Membergemengen | Dippech, Monnerech |
Gegrënnt | 23. Mee 2003 |
Websäit | https://www.mondercange.lu/culture-loisirs/activites-loisirs/piscine-pimodi |
Zoumaachen
De Sëtz vum Syndikat ass an der Gemeng zu Monnerech.
D'Decisioun fir de Syndikat ze grënne gouf vum Monnerecher Gemengerot den 23. Oktober 2002 ugeholl a vum Dippecher Gemengerot den Dag virdrun.
De Syndikat gouf duerch en Arrêté grand-ducal vum 23. Mee 2003 autoriséiert, a gouf am Memorial B – N° 42 den 21. Juli 2003 op der Säit 504 publizéiert[1].