Syndicat intercommunal pour l'éducation, l'enseignement, le sport et les loisirs
interkommunale Syndikat zu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Syndicat intercommunal pour l'éducation, l'enseignement, le sport et les loisirs, gekierzt SISPOLO, ass en interkommunale Syndikat deen 1992 gegrënnt gouf[1], fir:
- e Schoul- a Sportzenter am Parc Housen ze exploitéieren. Dozou gehéieren och d'Organisatioun vum Schoultransport[2] an d'Exploitatioun vun engem Verkéiersgaart[2];
- e Service vun Iessen op Rieder unzebidden;
- Infrastrukturen zur Verfügung ze stellen an deenen en Dagesfoyer fir Seniore funktionéiere kann;
- eng Schwämm an eng Crèche am Schoul- a Sportzenter ze exploitéieren an ze ënnerhalen,
- e Scoutschalet zur Verfügung ze stellen an ze ënnerhalen.
Séier Fakten Leedung, Verwaltungssëtz ...
Syndicat intercommunal pour l'éducation, l'enseignement, le sport et les loisirs | |
---|---|
Leedung | Romain Wester |
Verwaltungssëtz | Housen |
Membergemengen | Parc Housen, Pëtschent |
Gegrënnt | 12. Dezember 1984 |
Zoumaachen
Dem Syndikat seng Statute goufen 2010[3] an 2011[4] ugepasst.
De Sëtz vum Syndikat ass zu Housen.