Syndicat intercommunal pour la création, l'aménagement, la promotion et l'exploitation d'une zone d'activités économiques à caractère régional dans la région de l'ouest du pays
interkommunale Syndikat / From Wikipedia, the free encyclopedia
Syndicat intercommunal pour la création, l'aménagement, la promotion et l'exploitation d'une zone d'activités économiques à caractère régional dans la région de l'ouest du pays, gekierzt ZARO, ass en interkommunale Syndikat deen 2008 gegrënnt gouf, fir eng regional Aktivitéitszon op e puer Plazen am Weste vum Land ze geréieren[1].
Séier Fakten Secteur, Leedung ...
Syndicat intercommunal pour la création, l'aménagement, la promotion et l'exploitation d'une zone d'activités économiques à caractère régional dans la région de l'ouest du pays | |
---|---|
Secteur | Industriezon |
Leedung | Guy Pettinger |
Verwaltungssëtz | Stengefort |
Membergemengen | Garnech, Habscht, Kielen, Käerch, Mamer, Stengefort |
Gegrënnt | 31. Oktober 2008 |
Zoumaachen
Dozou gehéieren absënns follgend Plaze mat regionalem Charakter:
- de Site I am Flouer „Miessenriech“ zu Grass an der Gemeng Stengefort, fir all Zort vun Handwierks- a Klengindustriebetriber;
- de Site II um Wandhaff an de Gemenge Stengefort, Mamer, Käerch a Garnech, grad ewéi
- de Site III zu Kielen (Gemeng Kielen) fir all Zort vun handwierklechen, kommerziellen oder industriellen Aktivitéiten.
De Sëtz vum Syndikat ass an der Märei zu Stengefort. Den ZARO ass zanter 2019 als ëffentlecht Etablissement am Handelsregëster agedroen[2].