Télévie
karitativ Organisatioun / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Télévie ass eng karitativ Organisatioun an der franséischsproocheger Belsch an zu Lëtzebuerg, déi vun RTL TVI 1989 an der Belsch fir de Benefice vum Fonds National de la Recherche Scientifique an d'Liewe geruff ginn ass. 2002 huet och RTL Lëtzebuerg sech der Aktioun ugeschloss. Joer fir Joer geléngt et Dausende Leit fir den Télévie mobiliséieren.
Sënn an Zweck vum Télévie ass et, fir d'Recherche géint de Kriibs a speziell d'Leukemie virun ze bréngen. Vun 2002 bis 2018 konnten zu Lëtzebuerg iwwer 21 Milliounen Euro an d'Kriibsfuerschung investéiert ginn. Zanter 1989 konnten iwwer 185 Milliounen Euro an d'Fuerschung investéiert ginn. Mat Hëllef vun dëse Suen schaffen haut iwwer 200 Fuerscher an der Lutte géint Kriibs.
Och wann am Domaine vun der Fuerschung an deene leschte Joren enorm Fortschrëtter gemaach goufen (3 vu 5 Kriibserkrankunge kënnen haut geheelt ginn), stierwen nach ëmmer vill ze vill Leit u Kriibs, well d'Mechanismus vun där Krankheet nach net komplett erfuerscht a bekannt sinn. Och ass net richteg bekannt, wéi dës Krankheet verhënnert ka ginn.