Taoiseach
ireschen Titel vum iresche Regierungschef oder Premierminister / From Wikipedia, the free encyclopedia
Taoiseach [ˈt̪iːʃəx] (Méizuel: Taoisigh) ass am Iresch-Gäleschen den Titel vum iresche Regierungschef oder Premierminister. D'Wuert gëtt deelweis och mam iresche bestëmmten Artikel an Taoiseach gebraucht.
Den Taoiseach gëtt vum ireschen Ënnerhaus (Dáil Éireann, kuerz: Dáil) proposéiert, an duerno vum iresche President genannt a brauch, fir am Amt kënnen ze bleiwen, d'Vertraue vum Dáil.