Tariq ibn Ziyad
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Tariq ibn Ziyad (arabesch: طارق بن زياد), gebuer 670 a gestuerwen 720 war e mosleemesche Generol aus dem Stamm vun de Umayyaden, an Eruewerer vum Westgoteräich (711–714).
Hien huet den 18. Juli 711 an der Schluecht beim Río Guadelete d'Westgoten ënner der Féierung vum Roderich geklappt. No dëser Schluecht war praktesch déi ganz westgotesch Verdeedegung zerstéiert, soudatt d'Ibeeresch Hallefinsel ganz séier vun den Araber a Berber eruewert gouf.