Timber
From Wikipedia, the free encyclopedia
En Timber oder Käppchen ass e klengt Stéck Pabeier, dat op der Récksäit, wann een et fiicht mécht, pecheg ass (oder vum selwe pecht), mat virdrop enger opgedréckter Illustratioun an engem bestëmmte Wäert. Andeems een en Timber op eng Postsendung (e Bréif oder e Pak z. B.) pecht, gëtt domat ugewisen, datt den Ofsender de Porto fir den Transport bezuelt huet, an en sou vun enger Postentreprise bei hiren Empfänger bruecht ka ginn. Ier et Timbere gouf, huet den Empfänger misse bezuele fir säi Bréif ze kréien. Dëst huet zu Problemer gefouert, wann den Adressat de Bréif net wollt unhuelen, oder z. B. geplënnert an net ze fanne war. De Schott James Chalmers (1782-1853) war den Erfinder vum Timber dee vum selwe pecht. Den Englänner Rowland Hill huet 1837 de System entworf, no deem deen, deen e Bréif verschéckt, an net deen, un deen en adresséiert ass, de Porto fir den Transport misst bezuelen. Fir ze beweisen, datt de Porto bezuelt war, huet ee missen en Timber um Postbüro kafen, an deen op de Bréif pechen. Fir datt een den Timber nëmmen eemol gebrauche konnt, ass e vun der Post entwäert, d. h. mat engem Stempel markéiert ginn.