Udo Jürgens
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Udo Jürgens, mam richtegen Numm Udo Jürgen Bockelmann, gebuer den 30. September 1934 zu Klagenfurt a gestuerwen den 21. Dezember 2014 zu Münsterlingen an der Schwäiz, war en éisträichesche Sänger a Lidderschreiwert a -komponist, deen zanter 2007 och déi Schwäizer Nationalitéit hat.
Udo Jürgens | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jürgen Udo Bockelmann |
Pseudonym | Udo Bolán, Udo Jürgens |
Gebuer | 30. September 1934 |
Gestuerwen | 21. Dezember 2014 |
Doudesursaach | Häerzschwächt |
Nationalitéit | Éisträich, Schwäiz |
Aktivitéit | Schauspiller, Sänger, Komponist, Pianist, Discographesche Kënschtler |
Famill | |
Kanner | Gloria Burda |
Hie war ee vun de bekanntsten a populäersten däitschsproochege Sänger, mat Schlagere wéi Siebzehn Jahr, blondes Haar, Mit 66 Jahren, Griechischer Wein oder ... aber bitte mit Sahne! Och säi Lidd Buenas Dias Argentina, dat en 1978 mat der Däitscher Foussballnationalekipp opgeholl hat, war e grousse Succès an Däitschland.
Säin Duerchbroch hat hien 1966 beim Grand Prix Eurovision de la Chanson zu Lëtzebuerg mat Merci Chérie, woumat en déi éischt Plaz krut. Déi zwee Joer virdrun war hie bei deem Concours mat Warum, nur Warum op déi 6. Plaz, respektiv 1965 mat Sag' ihr, ich laß sie grüßen op déi véiert komm.
Hien huet am Ganzen iwwer 900 LIdder geschriwwen, an eng 50 Studioalben erausbruecht. Am ganzen huet hie ronn 100 Millioune Placke verkaaft. Seng Texter waren net seelen zimmlech déifgrënneg fir Schlager, a kënnen dofir deels dem Chanson-Repertoire zougerechent ginn, well se sech och alt mat Gesellschaftsproblemer beschäftegt hunn.
Den Udo Jürgens huet an den 1990er Joren och an e puer Spillfilmer an Tëleesserien, wéi Das Traumschiff an Ein Schloß am Wörthersee matgespillt.