United Kingdom Infrared Telescope
From Wikipedia, the free encyclopedia
De United Kingdom Infrared Telescope (UKIRT) ass een astronomescht Teleskop dat op Observatiounen am Infrarout spezialiséiert ass. Et huet en Haaptspigelduerchmiesser vun 3,8 m a steet um Terrain vum Mauna-Kea-Observatoire op Hawaii.
Den UKIRT gehéiert dem brittesche Science and Technology Facilities Council a gëtt vum Joint Astronomy Center vun Hilo bedriwwen. Et gouf an den 1970er als relativ präisgënschtegt Teleskop fir Observatiounen am Infraroutberäich tëscht 1 an 30 Mikrometer Wellelängt entworf a goung 1979 a Betrib. Déi deemools gebraucht Detektertechnologie am Infrarout hat kleng Ufuerderungen un d'Ofbildungsqualitéit par Rapport zu opteschen Teleskope gestallt, soudatt zum Beispill den Haaptspigel dënn a liicht ausgeluecht konnt ginn. Zanterhir gouf et duerch verschidden Ännerungen den haitegen Ufuerderungen ugepasst a liwwert typesch eng Bildqualitéit ënner enger Bousekonn am noen Infrarout. Den UKIRT ass ëmmer nach dat weltgréisst komplett op Infraroutobservatioune spezialiséiert Teleskop, och wann et a ville Leeschtungsberäicher an der Tëschenzäit vun optesch-infrarouden Teleskope vun der 8-Meter-Klass wéi dem Very Large Telescope iwwertraff gëtt.