University of Sydney
eelst Universitéit an Australien / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'University of Sydney (informell och USyd oder USYD gekierzt) ass déi eelst Universitéit an Australien. Si gouf de 1850 zu Sydney gegrënnt. Zwéi Joer méi spéit, den 11. Oktober 1852, gouf si ageweit. Si gehéiert zur Group of Eight, deenen Universitéite mat deem beschte Ruff an Australien.
Séier Fakten Typ, Land ...
Typ | staatlech Universitéit, Fuerschungsuniverstéit |
---|---|
Land | Australien |
Uertschaft | Sydney |
Schülerzuel | 63.602 |
2019 | |
Gegrënnt | 1850 |
Um Spaweck | https://www.sydney.edu.au/ |
Zoumaachen
Den Haaptcampus ass zu Camperdown, engem Faubourg vu Sydney. D'Sandsteegebai am neigotesche Stil gouf vum Edmund Blacket entworf a 1862 verfaasst. De Kaf vu weidere Campusflächen an onofhängege Schoulen huet eng séier Entwécklung zanter Mëtt vum 20. Joerhonnert erméiglecht.
Fënnef Nobelpräisdréier, sechs australesch Premierministeren a 24 Riichteren um héchste Geriicht hunn op der Universitéit vu Sydney studéiert.