Vanessa Redgrave
brittesch Schauspillerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Vanessa Redgrave, gebuer den 30. Januar 1937 zu London, ass eng englesch Schauspillerin.
Vanessa Redgrave | |
---|---|
Gebuer |
30. Januar 1937 Blackheath |
Nationalitéit | Vereenegt Kinnekräich |
Educatioun | Central School of Speech and Drama |
Aktivitéit | Dréibuchauteur, Theaterschauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur |
Partei | Labour Partei |
Famill | |
Bestuet mat | Tony Richardson, Franco Nero |
Liewenspartner(in) | Timothy Dalton |
Papp | Michael Redgrave |
Mamm | Rachel Kempson |
Geschwëster | Corin Redgrave, Lynn Redgrave |
Kanner | Natasha Richardson, Joely Richardson, Carlo Gabriel Nero |
D'Vanessa Redgrave krut no der Central School of Speech and Drama hir éischt Roll am Theater am Joer1958. Si gouf 1961 Member vum renomméierten Theaterensembel Royal Shakespeare Company.
Hir éischt Haaptroll am Kino huet si 1966 am Film Morgan: A Suitable Case for Treatment vum Karel Reisz gespillt. Duerno war si a villen interessante a bedeitende Filmer ze gesinn. Zu hire wichtege Filmer am Kino zielen ënner aneren The Devils (1971) vum Ken Russell, Blow Up (1966) vum Michelangelo Antonioni, The Charge of the Light Brigade (1968) vum Tony Richardson an Howards End (1992) vum James Ivory.
D'Vanessa Redgrave war vun 1962 bis 1967 mam Filmregisseur Tony Richardson bestuet. Si krut an deem Bestietnes zwee Meedercher d'Natasha Richardson an Joely Richardson déi och de Schauspillerberuff ergraff hunn.
1969 krut si e Bouf de Carlo Gabriel Nero aus hirer Liaisoun mam Schauspiller Franco Nero. Si huet sech am Joer 2006 mam Franco Nero bestuet.
Der Vanessa Redgrave hir Eltere Michael Redgrave a Rachel Kempson waren och Schauspiller, grad wéi hir Schwësteren Lynn Redgrave a Corin Redgrave et sinn.