For faster navigation, this Iframe is preloading the Wikiwand page for Walbezierker zu Lëtzebuerg.

Walbezierker zu Lëtzebuerg

Déi véier Walbezierker vu Lëtzebuerg
Déi véier Walbezierker vu Lëtzebuerg

Lëtzebuerg ass fir d'Chamberwalen, a véier Walbezierker agedeelt.

Dës Bezierker sinn an den Artikelen 51, 52 an 53 vun der Lëtzebuerger Constitutioun definéiert.[1] D'Ofgrenzunge vun de Walbezierker baséieren op deene vun de Kantonen.

D'Zuel vun den Deputéierten, déi an engem bestëmmte Walbezierk gewielt kënne ginn, sinn am Artikel 117 vum lëtzebuergesche Walgesetz[2] festgeluecht an droen der Awunnwerzuel vum Walbezierk Rechnung.

Bei den aktuelle 60 Deputéiertesëtz verdeelt sech dat 2011 sou:

Walbezierk Awunnerzuel Prozent Zuel vun den Deputéiertesëtz Kantonen Ageschriwwe Wieler (2013) Prozent vun de Wieler
Zentrum 177 922 34.7% 21 (35%) Lëtzebuerg, Miersch 67 232 28%
Osten 61 424 12% 7 (11.7%) Iechternach, Gréiwemaacher, Réimech 33 841 14%
Norden 78 404 15.3% 9 (15%) Klierf, Dikrech, Réiden, Veianen, Wolz 43 198 18%
Süden 194 090 38% 23 (38.3%) Capellen, Esch-Uelzecht 95 397 40%

Fir d'Wale fir d'Europäescht Parlament gëtt et awer just ee Walbezierk, nämlech d'ganzt Land.

Geschicht

Wärend de Viraarbechten dofir, dat allgemengt Walrecht an d'Verfaasung anzeschreiwen, koum am Summer 1918 de Virschlag op, d'Land an zwéi Walbezierker anzedeelen, déi eng méiglechst gläich grouss Zuel u Bevëlkerung an deemno u Mandater sollten hunn.[3] Dës Andeelung wier net no geographesche Critèrern gewiescht, well z. B. d'Kantonen Esch a Klief an dee selwechte Bezierk komm wieren. De Grond derhanner war, well an der Verfassung all 3 Joer partiell Chamberwale virgesi waren. Am Mäerz 1919 huet d'Sozialistesch Partei, déi net mat där Iddi averstane war, eng Demande an der Chamber gemaach, fir datt d'Land an déi véier Bezierker sollt opgedeelt ginn, sou wéi mer se haut nach kennen. De Grond dofir war, well am Kanton Esch vill Auslänner gelieft hunn, déi zwar beim Bestëmme vun der Zuel vu Mandater eng Roll gespillt hunn, mä déi Mandater fir de Kanton (an deemno d'Sozialisten, déi do eng héich Zuel u potentelle Wieler haten), am (konservative) ländleche Raum 'verluer' géingen, wann et just déi zwéi Bezierker wéi geplangt géif. Si hunn och gefuerdert, datt déi Andeelung a véier Bezierker misst an d'Verfassung kommen, an net just an d'Walgesetz (dat méi liicht ze ännere gewiescht wier). Wat si net beduecht haten, war, datt mat der klenger Zuel vu Sëtz an de Walbezierker Norden an Osten all déi aner Parteien ausser der Rietspartei et méi schwéier haten, iwwerhaapt Deputéiert an d'Chamber ze kréien. Net zulescht dowéinst huet d'Rietspartei där Propos zougestëmmt, an zanterhier ass déi Andeelung onverännert bliwwen, trotz reegelméisseger Kritik.

Diskussioun

Spéitstens zanter der Aféierung vum allgemenge Walrecht, 1919, kënnt ëmmer nees zu ëffentlechen Diskussiounen doriwwer, wat besser wier: de System, wéi en ass bäizehalen, oder en z'änneren, soudatt et just nach, wéi fir d'Europawalen, een eenzege Walbezierk fir d'Chamberwale géif?

Déijéineg déi fir den aktuelle System si sträichen ervir, datt nëmme sou eng geographesch representativ Chamber zesumme kéim, wat sécherstelle géif, datt déi regionalspezifesch Intressen och Gehéier fannen. Déijéineg déi dogéint si soen, datt déi Ënnerscheeder haut keng méi sou wichteg Roll géife spillen, datt de kommunalen Niveau duer géing fir "Lokales" ze behandelen an datt een eenzege Walbezierk et engem méi einfach géif maachen, "déi Bescht" aus dem Land ze wielen, an net just "déi Bescht" aus dem Süden/Osten/Norden/Zentrum.

Literatur

Kuckt och

Referenzen

  1. Verfassungstext
  2. Artikel 117 vum Walgesetz
  3. vgl. Dormal (2018) an der Literatur.
{{bottomLinkPreText}} {{bottomLinkText}}
Walbezierker zu Lëtzebuerg
Listen to this article

This browser is not supported by Wikiwand :(
Wikiwand requires a browser with modern capabilities in order to provide you with the best reading experience.
Please download and use one of the following browsers:

This article was just edited, click to reload
This article has been deleted on Wikipedia (Why?)

Back to homepage

Please click Add in the dialog above
Please click Allow in the top-left corner,
then click Install Now in the dialog
Please click Open in the download dialog,
then click Install
Please click the "Downloads" icon in the Safari toolbar, open the first download in the list,
then click Install
{{::$root.activation.text}}

Install Wikiwand

Install on Chrome Install on Firefox
Don't forget to rate us

Tell your friends about Wikiwand!

Gmail Facebook Twitter Link

Enjoying Wikiwand?

Tell your friends and spread the love:
Share on Gmail Share on Facebook Share on Twitter Share on Buffer

Our magic isn't perfect

You can help our automatic cover photo selection by reporting an unsuitable photo.

This photo is visually disturbing This photo is not a good choice

Thank you for helping!


Your input will affect cover photo selection, along with input from other users.

X

Wikiwand 2.0 is here 🎉! We've made some exciting updates - No worries, you can always revert later on