Wale fir d'Europäescht Parlament 1994 (Lëtzebuerg)
From Wikipedia, the free encyclopedia
Bei de Wale fir d'Europäescht Parlament 1994 goufen déi sechs Deputéiert gewielt, déi Lëtzebuerg am Europäesche Parlament fir d'Sëtzungsperiod 1994-1999 vertrueden hunn.
Si goufen den 12. Juni 1994 ofgehalen, als Deel vun den allgemenge Wale fir d'Europäescht Parlament 1994, an zäitgläich mat de Wale fir d'Chamber.
Als Resultat huet, par Rapport zu de Wale vun 1989, d'CSV ee vun hiren 3 Sëtz zu Gonschte vun Déi Gréng verluer, déi 1989 als GLEI a GAP mat zwou Lëschte kandidéiert haten, wouvu keng e Sëtz krut.