Walter Matthau
US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Walter Matthau, gebuer als Walter Jake Matthow den 1. Oktober 1920 zu New York a gestuerwen den 1. Juli 2000 zu Santa Monica a Kalifornien, war en US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Walter Matthau | |
---|---|
Gebuertsnumm | Walter John Matthow |
Gebuer |
1. Oktober 1920 New York |
Gestuerwen |
1. Juli 2000 Santa Monica |
Doudesursaach | Häerzschlag |
Nationalitéit | USA |
Educatioun | The New School |
Aktivitéit | Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Filmregisseur, Charakterschauspiller, Theaterschauspiller, Komiker |
Famill | |
Bestuet mat | Carol Grace |
Kanner | Charles Matthau |
Zoumaachen
Hien huet a Filmer vu bedeitende Regisseure wéi Elia Kazan, Stanley Donen, Billy Wilder, Vincente Minnelli a Martin Ritt eng Roll iwwerholl. Hien an de Jack Lemmon hunn an 10 Filmer zesumme gespillt.
Hie krut 1967 en Oscar als beschte Schauspiller an enger Nieweroll am Film The Fortune Cookie (1966) an 1976 e Golden Globe fir de beschte Schauspiller an engem Musical oder Kaméidisstéck am Film The Sunshine Boys (1975).