Willi Forst
éisträichesche Schauspiller, Dréibuchauteur, Sänger. Filmregisseur a -roduzent / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Willi Forst, gebuer als Wilhelm Anton Frohs de 7. Abrëll 1903 zu Wien an och do gestuerwen den 11. August 1980, war en éisträichesche Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmregisseur, Filmproduzent a Sänger.
Willi Forst | |
---|---|
Gebuertsnumm | Wilhelm Anton Frohs |
Gebuer |
7. Abrëll 1903 Wien |
Gestuerwen |
11. August 1980 Wien |
Doudesursaach | Kriibs |
Nationalitéit | Éisträich |
Aktivitéit | Filmregisseur, Sänger, Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Filmproduzent |
Als Schauspiller war hien am Kino vun 1920 un ze gesinn. Am Joer 1925 gouf hien am Metropoltheater zu Berlin als lyreschen Tenor engagéiert. Seng éischt grouss Roll am Kino krut hien am Film Café Elektric vum Gustav Ucicky mat der Marlene Dietrich an der Haaptroll.
Vun 1933 un huet hien och mat Erfolleg als Regisseur Filmer gedréint wéi eng Franz Schubert-Biographie Leise flehen meine Lieder (1933), weider da Maskerade (1934), Burgtheater (1936), Bel Ami (1939) a Wiener Blut (1942).
Nom Zweete Weltkrich hat hie just nach ee groussen Erfolleg mam Film Die Sünderin (1950) mat der Hildegard Knef an der Haaptroll. Géint dëse Film huet d'kathoulesch Kierch souwuel an Däitschland wéi och zu Lëtzebuerg staark protestéiert, wat awer trotzdeem 7 Milliounen Däitscher net dru gehënnert huet de Film kucken ze goen.