Wëssenschaft
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Wëssenschaft besteet aus Fuerschung a Léier. Wëssenschaftlech Fuerschung ass d'methodesch Sich no neien Erkenntnesser. D'Resultater ginn a wëssenschaftlechen Aarbechte systematesch duergestallt a verëffentlecht, soudatt se prinzipiell vu jiddwerengem novollzunn an iwwerpréift kënne ginn. D'Léier ass déi organiséiert a systematesch Iwwerliwwerung vun de Grondlage vum wëssenschaftleche Fuerschen an d'Vermëttlung vun engem Iwwerbléck iwwer den aktuelle Fuerschungsstand.