Yolanda vu Veianen
From Wikipedia, the free encyclopedia
Vun der Yolanda vu Veianen ass historesch net all ze vill bekannt: Si koum am Joer 1231 als eng vun deenen zwou Duechtere vum Grof Heinrech I. vu Veianen a senger Fra, der Gräfin Margarethe de Courtenay op d'Welt. No ville Streidereie mat hiren Eltere krut d'Yolanda d'Erlabnes, an d'Klouschter ze goen, an 1248 gouf si an d'Dominkanerinneklouschter Mariendall am Äischdall bei Miersch opgeholl.
Yolanda vu Veianen | |
---|---|
Gebuer |
1231 Buerg Veianen |
Gestuerwen |
17. Dezember 1283 Märjendall |
Aktivitéit | Kathoulesch Nonn |
1258 gouf si zur Priorin gewielt an huet vun do un d'Klouschter zur Bléi bruecht, si huet d'Gebaier erweidert, huet eng Bibliothéik ariichte gelooss an huet Reliquie vu groussem Wäert gesammelt. Si ass de 17. Dezember 1283 gestuerwen a gouf an der Klouschterkierch vum Mariendall begruewen. Wéi 1783 Märjendaller Klouschter opgeléist gouf, an d'Gebaier verfall sinn ier se tëscht 1830 an 1840 an en Domaine fir d'Famill Neyen ëmgebaut goufen, koum d'Hirschuel vun der Yolanda 1882 an de Besëtz vum Auguste Neyen. E Joer méi spéit war s'am Besëtz vun der Virginie Letellier, gebueren Neyen (Niess vum Auguste), a Fra vum Auguste Letellier, ee vun de Bauhäre vun der Aler Bréck. Spéider war s'am Besëtz vun de Franziskanerinnen an der Stad. Am Februar 1932 war s'erëm am Märjendall wou déi Wäiss Pateren sech 1890 niddergelooss haten. Wéi déi 1974 d'Klouschter verlooss hunn, gouf d'Reliquie op Veianen bruecht. Do läit d'Hirschuel an der Trinitarierkierch zu Veianen, de Rescht vun hire Reliquien ass verschollen. Zu Lëtzebuerg gëtt d'Yolanda als Séileg veréiert.