Zone d'activités économiques à caractère régional à Ehlerange
interkommunale Syndikat / From Wikipedia, the free encyclopedia
Zone d'activités économiques à caractère régional à Ehlerange, gekierzt ZARE, ass en Interkommunale Syndikat deen 1993 vun de Gemengen Esch, Monnerech a Suessem gegrënnt gouf[1] fir Grënnung, d'Ariichten, d'Fërderen an d'Ausnotze vun enger regionaler Aktivitéitszon zu Éilereng.
Séier Fakten Secteur, Verwaltungssëtz ...
Zone d'activités économiques à caractère régional | |
---|---|
Secteur | Industriezon |
Verwaltungssëtz | Bieles |
Membergemengen | Esch-Uelzecht, Monnerech, Suessem |
Gegrënnt | 26. Februar 1993 |
Zoumaachen
Den neie Statuten no[2], ass den Zweck vum Syndikat fir eng oder méi regional Aktivitéitszonen ze geréieren. Dozou gehéieren absënns:
- Zon I: regional Aktivitéitszon zu Éilereng, um Gebitt vun de Gemenge Monnerech a Suessem. Déi Zon läit zum gréissten Deel um Territoire vun der Gemeng Suessem, riets a lénks vun der Collectrice du Sud, an et kënnt een dohin iwwer d'Sortie N°4 vun der Collectrice, oder iwwer den CR110 zu Éilereng. Well d'Collectrice queesch derduerch leeft, gëtt d'Zon als „ZARE West“ a „ZARE Ost“ bezeechent;
- Zon II: regional Aktivitéitszon „A Sommet“ zu Esch-Uelzecht.
De Siège vum Syndikat ass an der Märei vu Suessem, zu Bieles. D'ZARE ass zanter 2020 als ëffentlecht Etablissement am Handelsregëster agedroen[3].