Zäitalter vun de Lumières
europäesch kulturell Beweegung vum 18. an 19. Joerhonnert / From Wikipedia, the free encyclopedia
Mat Zäitalter vun de Lumières (fr: siècle des lumières) oder och Zäitalter vun der Opklärung bezeechent een eng Epoch an der geeschteger Entwécklung vun der westlecher Gesellschaft am 17. an 18. Joerhonnert, déi besonnesch duerch d'Bestriewe geprägt ass d'Denkweis duerch d'Vernonft vun ale Virstellungen, Virurteeler an Ideologien ze befreien.