Äerdschäin
From Wikipedia, the free encyclopedia
Äerdliicht oder Äerdschäin nennt een d'Sonneliicht, dat vun der Äerd reflektéiert a sou och op vun der Sonn onbeliichte Flächen um Äerdmound geworf gëtt. Doduerch gëtt déi donkel Säit schwaach beliicht an d'Liicht, dat duerch eng weider Reflexioun op der Mounduewerfläch als grot Moundliicht nees op der Äerd ukënnt, kann eis bei gënschtege Observatiounsbedéngungen och mat bloussem A d'Nuechtsäit vum Mound groelzeg liichtend erkenne loossen.
Wee vum Sonnestralung iwwer d'Äerdliicht zum groe Moundliicht |
Am beschten ass de Widerschäin vum Äerdliicht ze gesinn, bei enger ganz schmueler Moundséchel e wéineg vir oder nom Neimound.