Anne-Marie Peysson
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Anne-Marie Peysson, gebuer de 24. Juli 1935 zu Saint-Disdier (Departement Hautes-Alpes) a gestuerwen de 14. Abrëll 2015[1], war eng franséisch Speakerin a Journalistin.
Anne-Marie Peysson | |
---|---|
Gebuertsnumm | Anne Marie Marguerite Peysson |
Gebuer | 24. Juli 1935 |
Gestuerwen |
14. Abrëll 2015 Le Vésinet |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Journalist |
No 4 Joer bei engem Marseiller Regionalprogramm gouf d'Anne-Marie Peysson 1958 Animatrice bei der nationaler franséischer Televisiounschaîne ORTF a kuerz duerno Speakerin, déi d'Programmen ugesot huet.
1965 bis 1968 huet si zesumme mam Guy Lux duerch d'Emissioun Le Palmarès des chansons gefouert, an an deem engen oder anere Film a klenge Rollen - vu Speakerinnen - matgespillt.
1968 ass si bei de franséischen RTL-Radio gewiesselt, wou se déi bekannt Emissioune Stop ou encore a Les auditeurs ont la parole animéiert huet. 1975 krut si zousätzlech nees op der Televisioun bei TF1 eemol d'Woch d'Moderatioun vu La minute de la femme, a méi spéit La cuisine légère.
An der Spill-Emissioun Le Francophonissime huet si fir RTL Lëtzebuerg representéiert.
D'Anne-Marie Peysson huet ausserdeem e puer Placke mat Lidder opgeholl, a Bicher geschriwwen, wourënner de Bestseller 1001 trucs et astuces de nos grands-mères.