Clairefontaine (Arel)
belsch Uertschaft an der Gemeng Arel (Provënz Lëtzebuerg) / From Wikipedia, the free encyclopedia
Clairefontaine, op Lëtzebuergesch Baardebuerg oder och Badebuerg [1] ass eng belsch Uertschaft an der Gemeng Arel.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Uertschaft Clairefontaine an der Gemeng Arel. Fir aner Säite mat deem Numm, kuckt wgl. Clairefontaine. |
Séier Fakten Clairefontainelb: Baardebuerg, Land ...
Clairefontaine lb: Baardebuerg | |
---|---|
Land | Belsch |
Regioun | Wallounien |
Communautéit | Franséisch Communautéit |
Provënz | Lëtzebuerg |
Arrondissement | Arel |
Gemeng | Arel |
Koordinaten |
49° 39’ 58.90’’ N 05° 51’ 58.45’’ O |
Telefonszon | 063 |
Postcode | 6700 |
Zoumaachen
Virun der Belscher Gemengereform vun 1977 huet Clairefontaine zur Gemeng Nidderelter gehéiert.
Westlech vun der eigentlecher Uertschaft, just virun der Belsch-Lëtzebuerger Grenz, stinn d'Gebaier vun der fréierer École apostolique vun den Häerz-Jesu-Pateren, déi 1986 zougemaach huet. Zanterhier ass do e Centre de rencontre vun den Häerz-Jesu-Pateren ageriicht, wou Retraiten, Konferenzen a soss Coursen (z. B. Virbreedung op d'Bestietnes) organiséiert ginn.