Hot Jupiter
From Wikipedia, the free encyclopedia
Hot Jupiter (lb: Waarme Jupiter) bezeechent eng Klass vun Exoplanéiten, déi eng Mass hunn, déi bal d'selwecht ass wéi déi vum Jupiter (1,9 × 1027 kg) oder nach méi grouss. Hir Uewerflächentemperatur ass däitlech méi héich wéi déi vum Jupiter (165 K, d. h. −108 °C). Eng Mindesttemperatur fir eng Gruppéierung an dës Planéiteklass ass net allgemeng festgeluecht. An der Sudarsky-Klassifikatioun gëtt de Begrëff fir Gasplanéit mat enger Gläichgewiichtstemperatur vun 900 K (ongeféier 630 °C) benotzt.[1]
Am Verglach zu de Verhältnesser an eisem Sonnesystem kreesen d'Gasplanéiten ëm hire Stär net an enger mëttlerer Distanz vu 5 Astronomeschen Eenheeten, mä nëmmen op enger Distanz vu ronn 0,05 AE. Domat ass Distanz zum Stär nëmme ronn 1/8 (12,5 %) vum Ofstand tëscht dem Merkur an der Sonn, wouduerch si eng dementspriechend héich Uewerflächentemperatur (ettlech honnert Kelvin) hunn.
Beispiller sinn 51 Pegasi b (Bellerophon), HD 209458 b (Osiris) an d'Exoplanéiten an de Systemer HD 195019 an HD 189733.