Manifest vun der Kommunistescher Partei
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Manifest vun der Kommunistescher Partei (Original: Manifest der Kommunistischen Partei, och Das Kommunistische Manifest genannt, gouf vum Karl Marx a vum Friedrich Engels[1] Enn 1847/uganks 1848 op Commande vum Bund der Kommunisten geschriwwen. Et koum den 21. Februar 1848 zu London eraus, kuerz virun der Februarrevolutioun 1848 a Frankräich a virun der Mäerzrevolutioun am Däitsche Bond (dorënner an Éisträich an a Preisen).
D'Manifest vun der Kommunistescher Partei gouf a méi wéi 100 Sproochen iwwersat, dorënner och op Lëtzebuergesch[2]. Am Juni 2013 gouf et an d'Weltdokumentenierfschaft vun der UNESCO opgeholl.[3]
Am Manifest entwéckelen de Marx an den Engels grouss Deeler vun hirer Ideologie, déi spéiderhin als "Marxismus" bezeechent gëtt. Den Ufankssaz "Ein Gespenst geht um in Europa – das Gespenst des Kommunismus" grad wéi och den Appel um Schluss: "Proletarier aller Länder, vereinigt euch!" si weltwäit bekannt
D'Manifest besteet aus enger Aleedung a 4 Kapitelen: "Bourgeois und Proletarier", "Proletarier und Kommunisten", "Sozialistische und kommunistische Literatur" a "Stellung der Kommunisten zu den verschiedenen oppositionellen Parteien".