Maurice Duverger
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Maurice Duverger, gebuer de 5. Juni 1917 zu Angoulême a gestuerwen de 17. Dezember 2014[1], war e franséische Jurist, Politikwëssenschaftler, Auteur a Politiker.
Maurice Duverger | |
---|---|
Gebuertsnumm | Maurice Louis Georges Duverger |
Gebuer |
5. Juni 1917 Angoulême |
Gestuerwen |
16. Dezember 2014 5. Arrondissement |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Universitéit vu Bordeaux |
Aktivitéit | Jurist, Politiker, Politolog, Universitéitsprofesser |
Partei | Kommunistesch Partei |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences, Serbesch Wëssenschafts- a Konschtakademie |
Hie gëllt als ee vun de Matgrënner vun der moderner europäescher Politikwëssenschft an huet dozou bäigedroen, dës nom Zweete Weltkrich als universitär Disziplin z'etabléieren. Hien huet 1948 den Institut d'études politques vu Bordeaux gegrënnt.
Hie war Jurist vu Formatioun an huet sech dofir agesat, datt d'Poltologie méi op d'Léier vum Droit sollt awierken. Sou huet hien ë. a. d'Relatioun vun de gesellschaftleche Kräften an dem juristesche Kader, an deem se wierken, analyséiert. Dat sougenannt Duverger-Gesetz, wat e sou ofgeleet huet, seet datt e Proporz-Walsystem zu engem Méiparteiesystem féiere géif, wärend bei engem System vu Majorz-Wal (wéi z. B. a Groussbritannoen oder den USA) zu engem duale Parteisystem féiere géif.
D'Politikwëssenschaft war fir den Duverger eng science-carrefour, wou Historiker sou gutt wéi Philosophen, Juristen, Anthropologen oder Soziologen hiert Wëssen an hir Methoden afléisse loosse kéinten.
Hie war Professer op en ettlechen Universitéiten: Bordeaux (1940–1985), Poitiers (1942/1943), Paräis (1955–1985, Sorbonne 1971–1985), Wien (1965), Tel-Aviv (1979), Genf (1983–1986) an New York (1986).
Nieft senge wëssenschaftleche Wierker huet den Duverger a villen Zeitungen, virun allem Le Monde, Libération, El País a Corriere della Sera) Artikele publizéiert.
De Maurice Duverger war vun 1989 bis 1994 Member vum Europäesche Parlament, gewielt op der Lëscht vum italieenesche Partito Democratico della Sinistra.