Perikopebuch vum Heinrich III.
From Wikipedia, the free encyclopedia
D' Perikopebuch vum Heinrich III., och Evangelistar vum Heinrich III., Iechternacher Perikopebuch, Iechternacher Evangelistar oder Codex Bremensis genannt, ass eng ottonesch Handschrëft a Form vun engem Perikopebuch (Evangelistar), dat op Commande vum Keeser Heinrich III. warscheinlech tëscht 1039 an 1043[1] am Klouschter Iechternach entstanenen ass. Si gehéiert zu den Haaptwierker vun der ottonescher Buchmolerei a gëtt hautesdaags an der Staats- und Universitätsbibliothek Bremen ënner der Signatur Ms. b. 21 versuergt.