Toots Thielemans
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean-Baptiste Frédéric Isidor, Baron Thielemans, bekannt als "Toots" Thielemans, gebuer den 29. Abrëll 1922 zu Bréissel, an och do den 22. August 2016 gestuerwen[1]) war e belsche Modern Jazz-Museker (Mondharmonika, Gittar, Päifen).
Toots Thielemans | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jean-Baptiste Frédéric Isidor Thielemans |
Pseudonym | Toots Thielemanns |
Gebuer |
29. Abrëll 1922 Marollen |
Gestuerwen |
22. August 2016 Braine-l’Alleud |
Nationalitéit | Belsch |
Aktivitéit | Komponist, Jazzgittarist, Mondharmonikaspiller, Filmkomponist, Konschtpäifer, Museker, Synchronspriecher |
Hien huet mat villen aneren (Jazz-)Museker zesummegespillt, wéi dem Bobbejaan, den Charlie Parker All Stars, dem George Shearing Quintett, der Ella Fitzgerald, dem Quincy Jones, dem Paul Simon, dem Billy Joel, dem Dizzy Gillespie, dem Caetano Veloso dem Gilberto Gil oder dem Jaco Pastorius.
1957 huet hie säin éischten Album erausbruecht, Man Bites Harmonica!. Bluesette ass seng wuel bekanntste Kompositioun. Hien huet och bei den Opname vu Filmmuseke matgewierkt, wéi Asphalt-Cowboy, Turks Fruit, Jean de Florette oder The Getaway an der Tëleesserie Sesame Street.
Nach mat iwwer 90 Joer ass hie reegelméisseg opgetrueden; eréischt 2014 huet hien ugekënnegt, domat opzehalen.