11. Arrondissement vu Paräis
ee vun den 20 Stadbezierker vu Paräis / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den 11. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement de Popincourt) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis. Et ass en diskreeten an e manner touristeschen Arrondissement wéi anerer. En huet eng aussergewéinlech Roll an der Geschicht vu Paräis a vu Frankräich gespillt. E louch am Häerz vum revolutionäre Frankräich a vun de groussen Aarbechterrevolte vum 19. Joerhonnert.
Séier Fakten Quartieren, Buergermeeschter ...
Quartieren |
Folie-Méricourt, Saint-Ambroise, Roquette, Sainte-Marguerite |
---|---|
Buergermeeschter | François Vauglin |
Awunner | 142.583 |
Fläch | 3,67 km² |
Postcode | 75011 |
INSEE-Code | 75111 |
Koordinaten | 48°51'31,24"N, 2°22'45,50"O |
Zoumaachen
Am 11. Arrondissement gouf et fréier haaptsächlech Handwierksbetriber, haut ass et éischter e populären Arrondissement mat Baren an Diskothéike ronderëm der Place de la Bastille, der Rue Oberkampf an der Rue de Lappe.