Haaptstad vu Frankräich / From Wikipedia, the free encyclopedia
Paräis (fr. [paˈʀi]) ass d'Haaptstad vu Frankräich a vun der Regioun Île-de-France. An eeleren, meeschtens laténgeschen, Texter gëtt Paräis och Lutetia respektiv Lutezia genannt. De Floss Seine deelt d'Stad an en nërdlechen Deel (rive droite - rietst Seineufer) an e südlechen Deel (rive gauche - lénkst Seineufer). Paräis huet am eigentleche Stadgebitt 2.153.600 Awunner, an an der Agglomeratioun liewen 12.067.000 Mënschen (Stand 1. Januar2007).
Déi Uertschafte vun der Banlieue, déi baussent dem Peripheriqueleien, gi selbstänneg verwalt an zielen doduerch net wierklech zur Stad Paräis mat hiren zwanzeg Arrondissementer am verwaltungsrechtleche Sënn. Paräis ass eng Weltstad an dat grousst politescht, wirtschaftlecht a kulturellt Zentrum vum zentralistesch organiséierte Land, an ass och deem seng gréisst Verkéiersachs (ënner anerem mat dräi Fluchhäfen a sechs Kappgaren). Paräis ass och de Sëtz vun der UNESCO, der OECD an der ICC.