ATF Dingo
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den ATF Dingo, op Däitsch Allschutz-Transport-Fahrzeug (ATF) Dingo, ass zanter 2010, an der Versioun Dingo 2, en Asazwon an der Lëtzebuerger Arméi.
D'Lëtzebuerger Arméi huet zanter 2009 48 ATF Dingo 2 am Asaz a wëll domat den onzouverlässegen HMMWV ofléisen. Den Dingo ass e gepanzert a liicht bewaffent Gefier, dat nieft der Lëtzebuerger Arméi och am Asaz bei der däitscher Bundeswehr, dem éisträichesche Bundesheer an den Arméien aus der Belsch an Tschechien ass.