Aarmut
From Wikipedia, the free encyclopedia
Ënner Aarmut versteet ee fir d'éischt de Manktem[1] u liewenswichtege Gidder (beispillsweis Iessen, Logement, Kleedung), am weideren allgemenge Sënn d'Feele vun deem, wat gebraucht oder vermësst gëtt. Als sozioekonomescht Konzept gëtt den Aarmut als en Zoustand vu staarker sozialer Benodeelegung ugesinn,[2] wat zu enger ongenügender Versuergung mat materielle Gidder a Déngschtleeschtunge féiert.[3]
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Europäesch Unioun definiert als „aarm“ deen, dee manner wéi 60 % vum duerchschnëttlechen Akommes vu sengem Heemechtsland zur Verfügung huet. Bei den ekonomeschen Aarmutskonzepter gëtt doriwwer eraus tëscht relativer Aarmut an absolutter Aarmut en Ënnerscheed gemaach.