Aloyse Meyer
lëtzebuergeschen Ingenieur / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Aloyse Meyer, gebuer den 31. Oktober 1883 zu Klierf, a gestuerwen den 3. Mee 1952, war e lëtzebuergeschen Ingenieur a Manager an der Siderurgie. Hien huet op der Technescher Héichschoul zu Oochen en Diplom fir Ingenieur gemaach a war aktive Member vun der Amicitia Luxemburgensis, an ee vun den éischte Membere vum Akademischer Verein d'Lëtzebuerger zu Oochen.[1]
Aloyse Meyer | |
---|---|
Den Aloyse Meyer, Juni 1951. | |
Gebuer |
21. Oktober 1883 Klierf |
Gestuerwen |
3. Mee 1952 Klierf |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Ingenieur, Direkter |
1903 krut hien eng Plaz am Konstruktiounsbüro vun der Diddelenger Schmelz, e puer Méint drop war hien do Ingenieur adjoint, 1906 Chef de service an 1912 Direkter. 1918 koum en als techneschen Direkter an d'Zentraladministratioun vun der Arbed, wou en 1920 Generaldirekter gouf.
1925 gouf den Aloyse Meyer och President vun der Chambre de commerce, a gouf 1928 nom Émile Mayrisch sengem Doud, President vun der europäescher Stolunioun.
Hie gouf 1928 den éischte President vum Verwaltungsrot vun der nei gegrënnter Bourse. An där Funktioun war hie bis den 18. Mäerz 1948.[2]
Den Aloyse Meyer war mat der Eugénie Heintz bestuet, dem Urkandskand vum Grënner vun der Zigarettefabréck Heintz Van Landewyck. Nom Doud vu sengem Schwéierpapp Victor Heintz gouf den Aloyse Meyer 1931 President vum Verwaltungsrot vun Heintz Van Landewyck, wat hie bis zu sengem Doud bliwwen ass. Säi Fils, de Robert Meyer, huet 1934 als jonken Ingenieur bei Heintz Van Landewyck ugefaangen.