Anne Pescatore
Molerin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Anne Pescatore-Feltz, gebuer den 18. Oktober 1842 zu Sierk a gestuerwen den 10. Abrëll 1933 zu Lëtzebuerg, war eng Molerin[1]. Bekannt sinn och en ettlech Exlibrissen déi si entworf huet.
Dëse Molereisartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Anne Pescatore | |
---|---|
Gebuertsnumm | Anne Catherine Feltz dit Laroche |
Gebuer |
18. Oktober 1842 Sierk |
Gestuerwen |
10. Abrëll 1933 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler |
Famill | |
Bestuet mat | Dominique-Antoine Pescatore |
Kanner | Françoise Pescatore, Théodore Pescatore |
Zoumaachen
D'Anne Feltz huet am Atelier vun hirer Mamm Elisabeth Pilon geléiert molen[2]. Si war Member vum Cercle artistique de Luxembourg. Am Alter vun uechtzeg Joer huet si nach um Salon des Arts de la Lorraine deelgeholl[3].
Si war mam Dominique-Antoine Pescatore (1842-1916) bestuet. D'Koppel hat siwe Kanner, dorënner den Théodore an d'Françoise Pescatore (1877-1954).
D'Anne Feltz ass am Alter vun 90 Joer gestuerwen a gouf um Nikloskierfecht begruewen[4].