Autobunn A3 (Lëtzebuerg)
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Autobunn A3, och Diddelenger Autobunn genannt, ass eng lëtzebuergesch Autobunn am Kanton Lëtzebuerg an am Kanton Esch-Uelzecht. Se geet vum Rond-point Gluck an der Stad Lëtzebuerg no Süde bis bei d'franséisch Grenz, wou se um Territoire vun der Gemeng Zoufftgen un d'franséisch A31 ugeschloss ass.
A3 - Diddelenger Autobunn | |||
Zeechen | N° | Verdeeler | km[1] |
Lëtzebuerg (Rond-point Gluck) | 0,0 | ||
1 | Hesper/Houwald | ||
A1 / A6 Gaasperecher Kräiz | 1,158 | ||
Aire de Berchem | 5,387 | ||
2 | Léiweng/Beetebuerg | 6,610 | |
A13 Beetebuerger Kräiz | 10,611 | ||
3 | Diddeleng (nëmmen aus an a Richtung Lëtzebuerg Stad) | 11,949 | |
Uschloss un d'franséisch A31 | 13,288 |
Se ass eng wichteg Verbindung tëscht dem Autobunnsnetz vum Benelux an deem vu Westdäitschland op der enger Säit, deem aus Frankräich op der anerer.
Et gëtt 3 Autobunnsausfaarten/Opfaarten, 2 Autobunnskräizer an eng Plaz fir ze raschten.
Um Gaasperecher Kräiz kräizt d'A3 sech mat der A1/A6. Duerno kënnt geschwënn d'Aire de Berchem, déi gréisst Bensinsstatioun vun Europa. E bësse méi südlech kräizt d'A3 um Beetebuerger Kräiz d'A13, déi no Osten hin Saarautobunn genannt gëtt, no Westen hin Collectrice du Sud.
D'Autobunn gouf tëscht 1978 (Lëtzebuerg - Ausfaart Diddeleng) an 1981 (Ausfaart Diddeleng - franséisch Grenz) a Betrib geholl.
D'A3 ass en Deel vun der E25, mat Ausnam vun deem Stéck vum Gaasperecher Kräiz bis un de Rond-point Gluck.
Se huet eng Längt vun 13,3 km.