Bim Diederich
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Jean ("Bim") Diederich, gebuer den 20. Februar 1922 zu Esch-Uelzecht a gestuerwen de 6. Dezember 2012, war e lëtzebuergesche Vëlossportler.
Bim Diederich | |
---|---|
De Bim bei der Ronde van Nederland 1952 | |
Gebuer |
20. Februar 1922 Esch-Uelzecht |
Gestuerwen |
6. Dezember 2012 Péiteng |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Vëlossportler, Cyclocrossfuerer |
1933 si seng Elteren op Péiteng geplënnert.
De Spëtznumm Bim huet hie kritt, well en 1938 zu Péiteng an der Apdikt Aulner fir 300 Frang am Mount geschafft huet, an nieft anere Medikamenter, och "Yohimbine" (e Potenzmëttel, kuerz "Joe Bim" genannt) verkaaft huet.
1937 ass hien an de Péitenger Vëlosclub agetrueden, wou hien den 23. Mäerz 1939 seng éischt Course gefuer ass. Am Juli 1947 ass hie "Profi" ginn, fir kënnen den Tour de France matzefueren.
Säi gréisste sportlechen Erfolleg hat hien am Tour de France 1951, wou en 3 Deeg am Maillot jaune gefuer ass. An der Etapp vu Reims op Gand huet de Bim, 40 Kilometer virun der Arrivée, am Mur de Grammont, seng 3 Matfuerer ofgehaangen an ass als éischten zu Gand ukomm. Wéinst dëser aussergewéinlecher Leeschtung huet hien den Numm "Duc de Grammont" kritt.
1954 ass hie seng lescht Course, den Tour de Luxembourg, gefuer. Hien ass den 11. ginn. Duerno huet e sech bestuet an huet zu Péiteng e Vëlosgeschäft ugefaangen. Säi Meedchen ass méi spéit mam bekannte Coureur Lucien Didier bestuet ginn. Dem Bim säi ganzen Houfert ass säi Kandskand, de Laurent Didier, dee sengem Papp a sengem Grousspapp an d'"Foussstapfen" getrueden ass.
An der Péitenger Sportshal gouf vun der Gemeng eng Galerie Bim Diederich ageriicht mat Erënnerungsstécker un dem Bim Diederich seng Sportskarriär. D'Hal selwer gouf och no him Centre sportif Bim Diederich genannt[1].
De Bim ass an der Geschicht vum professionelle Vëlossport ee vun de wéinege Coureuren deen an der Zäit vu senger professioneller Karriär an enger Ekipp gefuer ass, déi dem eenzege Coureur aus der Ekipp säin Numm gedroen huet, an zwar 1954 d'Ekipp Garin-Diederich.