Brigitte Urhausen
lëtzebuergesch Schauspillerin a Lauschterspill-Spriecherin / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Brigitte Urhausen, gebuer de 7. Februar 1980[1][2] an der Stad Lëtzebuerg, ass eng lëtzebuergesch Schauspillerin a Lauschterspill-Spriecherin.
Brigitte Urhausen | |
---|---|
Gebuer |
7. Februar 1980 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Hochschule für Musik und Darstellende Kunst Stuttgart |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Lauschterspillspriecher |
Si huet op der Hochschule für Darstellende Kunst zu Stuttgart hir Ausbildung gemaach. No éischten Engagementer zu Lëtzebuerg, am Staatstheater Stuttgart an am Theater Magdeburg gouf si 2004 beim Pfalztheater zu Kaiserslautern engagéiert. Dono hat si Engagementer beim Badischen Staatstheater Karlsruhe a beim Staatstheater Mainz[3]. Si trëtt weiderhi geleeëntlech op Lëtzebuerger Bünen, an a Filmer an Tëleesfilmer op. Ausserdeem hëlt si Lauschterspiller fir den SWR op an ass Speakerin op Arte[4].
Zanter 2013 ass si Spriecherin fir d'Roll vun der Kommissärin Amalie Gentner an an den Tatort-Lauschterspiller déi vum Saarländische Rundfunk produzéiert ginn[5]. Vun 2020 u spillt si d'Kommissärin Esther Baumann am Ermëttler-Team an den Tatort-Episoden, déi och vum Saarländische Rundfunk produzéiert ginn[3].
D'Brigitte Urhausen wunnt an der Südpfalz.