Bësch zu Lëtzebuerg
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Bësch zu Lëtzebuerg bedeckt eng Fläch vun 91.400 Hektar, dat si 35,5 % vun der Fläch vum Land. 41,8 % vun de Bëscher leien am Éislek, 11,5 % op der Musel, 36 % am Minett an 32 % am Rescht vum Guttland. De Lëtzebuerger Bësch besteet zu 67,3 % aus Lafbeem, 31,7 % sinn Nolebeem. Déi dräi heefegst Bamaarte si Bichen (30,1 %), Eechenaarten (26,9 %) a Fiichten (21,2 %). Bal 48.400 Hektar Bësch, deemno knapps iwwer d'Hallschecht, leien an engem Natura 2000 Schutzgebitt; 6.100 an engem national geschützten Naturschutzgebitt.[1]