Carlo Meintz
lëtzebuergesche Politiker an Enseignant / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Carlo Meintz, gebuer de 5. Mee 1933 zu Lëntgen a gestuerwen de 15. Februar 2018[1],[2] zu Bierschbech, war e lëtzebuergesche Politiker an Enseignant.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Carlo Meintz | |
---|---|
Gebuer |
5. Mee 1933 Lëntgen |
Gestuerwen | 15. Februar 2018 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Partei | Demokratesch Partei |
Famill | |
Geschwëster | Claude Meintz |
Zoumaachen
Vun 1967 bis 1987 a vun 2000 bis 2002 war hie Buergermeeschter vun der Gemeng Walfer.
Hie war vun 1974 bis 1998 Deputéierten an der Chamber.
Hie war vum 4. Juli 1974 bis de 16. Juli 1979 als Vertrieder vun der Chamber lëtzebuergeschen Deputéierten am Europaparlament.[3]
Den 11. Februar 1998 gouf hie Member vum Staatsrot genannt, a war dat bis de 5. Mee 2005, den Dag op deem hien d'Altersgrenz vun 72 Joer erreecht hat.[4]
Vun 1986 bis 1996 war hie President vun der Zentral vun de lëtzebuergesche Jugendherbergen.
Hie war de Brudder vum Archivist a Conservateur Claude Meintz.