Avenue des Champs-Élysées
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Avenue des Champs-Élysées, och einfach nëmme Champs-Élysées, ëmgangssproochlech och les Champs an der franséischer Haaptstad Paräis ass eng vun de gréissten Avenuë vun der Welt. Si läit am nordwestlechen Deel vun der Stad am 8. Arrondissement. Ausgangspunkt sinn d'Päerdsgruppe Chevaux de Marly vum Guillaume Coustou, westlech vun der Place de la Concorde. Déi 1910 m laang a 70 m breet Avenue leeft bis op d'Place Charles de Gaulle, wou den Arc de Triomphe steet. Si läit an der Mëtt vum sougenannten Axe historique vu Paräis.
- Heihi kënnt een iwwer d'Metrosstatiounen: Concorde, Franklin D. Roosevelt, George V, Champs-Élysées - Clemenceau a Charles de Gaulle - Étoile.
Avenue des Champs-Élysées | |
---|---|
Arrondissement | 8. Arrondissement |
Quartier(en) | Champs Élysées |
Ufank | Place de la Concorde |
Enn | Place Charles de Gaulle |
Längt | 1910 m |
Breet | 70 m |
Kreatioun | 1610 |
Denominatioun | 12. Mäerz 1864 |
Alen Numm | Allée du Roule, Avenue de Neuilly |
Vue op d'Champs-Elysées |
Hiren haitegen Numm krut d'Avenue des Champs Elysées scho 1789. E bedeit "Elysesch Felder" a kënnt vum Elysion, wou - no der griichescher Mythologie - auserwielten Helde versat ginn, wa si stierwen. D'Promenad mat de Beem op all Säit gouf ufanks „Grand Cours“ genannt, an ass net mam Cours-la-Reine ze verwiesselen. Déi éischt offiziell Bezeechnung war d'„Grande Allée du Roule“ (1670), dunn „Avenue du Palais des Thuilleries“ (1680), a schliisslech am ënneschte Beräich „Avenue de la Grille Royale“ an am ieweschten „Avenue de Neuilly“ (1778).
Am ënneschten ëstleche Beräich läit op den zwou Säite vun der Strooss de Jardin des Champs Élysées. Hei stinn nach d'Pavillone vun der Weltausstellung aus dem Joer 1900, de Petit Palais mam Musée des Beaux-Arts an de Grand Palais mam wëssenschaftleche Musée „Palais de la Découverte“. Nërdlech dovu läit de Palais de l'Élysée, zanter 1873 offiziell Residenz vum franséische President vun der Republik. Net wäit ewech fënnt een den Théâtre Marigny an den Théâtre du Rond Point. Den Théâtre des Champs-Élysées läit an enger Säitestrooss.
Hanner der Kräizung vum Rond-Point des Champs Élysées geet den ieweschten Deel vun der Avenue un, mat Geschäfter, Kinoen, Restaurantsen a Caféen.
De sougenannten Axe historique geet wäit iwwer d'Längt vun de Champs-Élysées eraus. Hie fänkt am Oste beim Louvre (12. Joerhonnert) an dem Arc de Triomphe du Carrousel (1807-1809) un, a leeft duerch d'Tuilerien bis op d'Place de la Concorde mam Obelisk vu Luxor. Hei fänkt d'Avenue des Champs-Élysées un, un hirem ëstlechen Enn steet den Arc de Triomphe. Hei geet si an d'Avenue de la Grande Armée iwwer. Den "Axe historique" leeft nach weider bis an d'Satellitestad La Défense (1958) mat der Grande Arche (1989).