Charles Collart
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Charles Collart, gebuer den 12. Februar 1829 zu Dummeldeng, gestuerwen de 15. Juni 1910, war Schmelzhär zu Dummeldeng.[2] Hien huet am Dummeldenger Schlass gelieft.
Charles Collart | |
---|---|
Gebuer | 12. Februar 1829 |
Gestuerwen | 15. Juni 1910 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Schmelzhär |
Famill | |
Papp | Charles Joseph Collart |
Geschwëster | Jules Collart |
Hie war Schäffe vun der Gemeng Eech a spéider Deputéierten an der Chamber.
Mat sengem klenge Brudder Jules huet hien d'Gesellschaft Charles & Jules Collart gegrënnt, déi 1856 d'Stengeforter Schmelz iwwerholl huet. D'Gesellschaft huet och Minièren zu Esch-Uelzecht exploitéiert.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Al Schmelz.
De 17. Mee 1854 gouf hien zu Walfer mat der Henriette d'Anethan (1832-1908) bestuet.
1872 huet de Charles Collart mat sengem Brudder d'Société Anonyme des Hauts-Fourneaux de Rodange matgegrënnt. 1884 war hie President vum Verwaltungsrot.
No sengem Doud gouf d'Gesellschaft a Jules Collart & Cie ëmbenannt.
Seng Eltere waren de Jean Carl Joseph Collart (1775-1841) an d'Anne-Marie Laval (1801-1882).