Charly Gaul
lëtzebuergesche Vëlossportler / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Charly Gaul, gebuer den 8. Dezember 1932 am Pafendall a gestuerwen de 6. Dezember 2005 zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Vëlossportler. Hien huet 1958 den Tour de France gewonnen.
Charly Gaul | |
---|---|
Gebuer |
8. Dezember 1932 Pafendall |
Gestuerwen |
6. Dezember 2005 Lëtzebuerg |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Vëlossportler |
Positioun oder Spezialitéit | Grimpeur |
Gréisst | 173 Zentimeter |
Gewiicht | 64 kg |
Veräin/Ekipp |
Faema, Gazzola, Peugeot, Libertas |
Famill | |
Kanner | Fabienne Gaul |
De Charly Gaul war e Biergspezialist a gouf dofir um Héichpunkt vu senger Carrière, déi vun 1953 bis 1965 gedauert huet, "Engel vun de Bierger" genannt.
Nieft senger Victoire am Tour de France 1958 ass de Gaul 1955 an 1961 Drëtten an dëser Course ginn. 1955 a 1956 huet hien och den Tricot vum beschte Biergcoureur gewonnen. 1956 an 1959 huet en de Giro d'Italia gewonnen. Am Ganzen huet hie beim Tour de France 10-mol a beim Giro 11-mol eng Etapp gewonnen.
No senger Cyclistëcarrière huet hien e Café zu Bouneweg opgemaach, an ass dono bei en Autosconcessionnaire schaffe gaangen. Zéng Joer laang huet hien dono am Éislek zeréckgezunn an engem Juegdchalet gewunnt, ier e schlussendlech am Sportsministère eng Plaz als Conseiller technique krut, fir en Archiv iwwer de Lëtzebuerger Vëlossport zesummenzestellen[1].
Den 31. Mee 2011 gouf eng Erënnerungsplack fir de Charly Gaul, e Wierk vun der Yvette Gastauer-Claire, am Parc municipal an der Stad Lëtzebuerg ageweit.