Conseil économique et social (Lëtzebuerg)
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Conseil économique et social (kuerz: CES) gouf zu Lëtzebuerg duerch d'Gesetz vum 21.Mäerz 1966[1] ageféiert.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat lëtzebuergesche Wirtschafts-a Sozialrot. Fir deen europäesche Comité, kuckt wgl. Europäesche Wirtschafts- a Sozialcomité. |
Den CES ass eng konsultativ Ariichtung vun der Regierung a Saache vu wirtschaftlechen a sozialen Orientatiounen zu Lëtzebuerg, op nationalem a supranationalem Plang. Seng Haaptaufgab ass et e Konsens vun den dacks ënnerschiddleche Positioune vum Salariat a vum Patronat ze fannen, an der Regierung Propositiounen, fir zukünfteg politesch Decisiounen, ze maachen. D'Etüden iwwer wirtschaftlech, sozial a Finanzproblemer ginn op Nofro vun der Regierung oder op eegen Initiativ gemaach.