Coupe de Luxembourg (Foussball)
From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Coupe de Luxembourg am Foussball ass d'national Coupekompetitioun vun den éischte Seniorsekippen zu Lëtzebuerg. Den Tournoi gëtt vun der FLF organiséiert an zanter 1921/1922 gespillt. Keng national Coupe an och kee Championnat gouf et an den Okkupatiounsjoren 1941-44.
D'Coupe de Luxembourg ass e Wanderpokal; de Coupegewënner kritt, nieft Titel a Goldmedailen, och d'Trophée selwer mat an däerf se bis 6 Woche virun der nächster Coupefinall halen. Den zweete Finalist muss sech mat Sëlwer zefridde ginn.
D'Déifferdenger Red Boys huet d'Coupe de Luxembourg am dackste gewonnen. De fréieren[1] Traditiounsveräin aus dem Minett war 24-mol an der Finall an huet de Pokal 15 Kéieren däerfe matheemhuelen.
Analog zu der Coupe bei de Männer gouf an der Saison 2001/2002 eng Coupe de Luxembourg fir Dammenekippen agefouert.