De Réidener Kanton
Interkommunale Syndikat zu Lëtzebuerg / From Wikipedia, the free encyclopedia
De Réidener Kanton ass en interkommunale Syndikat am Kanton Réiden deen de 6. Mäerz 1990 gegrënnt gouf[1] an an deem all d'Gemenge vum Kanton Member sinn.
Séier Fakten Secteur, Leedung ...
Secteur | Infrastruktur |
---|---|
Leedung | Thierry Lagoda |
Verwaltungssëtz | Réiden op der Atert |
Membergemengen | Préizerdaul, Ell, Rammerech, Réiden op der Atert, Sëll, Biekerech, Groussbus-Wal, Viichten, Useldeng |
Gegrënnt | 6. Mäerz 1990 |
Websäit | https://reidener-kanton.lu |
Zoumaachen
E bekëmmert sech ëm gemeinsam Problemer, wéi z. B. vun Infrastrukturen déi eng eenzel Gemeng finanziell ze staark belaaschte géif. D'Käschte gi proportionell zur Awunnerzuel opgedeelt, ausserdeem gëtt de Syndikat vum Staat subsidéiert.
En huet säi Sëtz am Zärenhaus an der Nidderpallener Strooss zu Réiden op der Atert