Europäesche Wirtschafts- a Sozialcomité
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Europäesche Wirtschafts- und Sozialcomité (EWSC; EWSA op Däitsch; CESE op Franséisch) huet eng berodend Funktioun an der Europäescher Unioun. E gouf 1957 duerch d'Traitéë vu Roum geschaf. An him si Patronat, Gewerkschaften, Baueren, Konsumenten, an aner Interessegruppe vertrueden, déi zesummen déi "organiséiert Biergerschaft" forméieren.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat europäesche Wirtschafts-a Sozialcomité. Fir dee lëtzebuergeschen, kuckt wgl. Conseil économique et social (Lëtzebuerg). |
Déi genee Zesummesetzung, d'Organisatioun an d'Aufgabe vum EWSC sinn an den Artikelen 257 bis 262 vum Traité iwwer d'Europäesch Communautéit gereegelt.